Walfer Musek

Aller au contenu

Menu principal

Nos origines

Historique

De 14. Februar 1912 ass d'Walfer Musek an d’Liewe geruff gin. Bei der éischter Versammlung de 15. Februar 1912 haten 25 Unhänger vun der Musek sech zesummegesat an deen éischte Comité gewielt. Präsident war de Jean Wolff an Dirigent war den L. Wigleb, deen och nach Member vun der Harmonie des Caves E. Mercier & Cie war.

Den 8. Oktober 1913 huet de Comité eng Demande bei der Großherzogin Marie-Adelaïde gemaach fir der Walfer Musek folgenden Numm ze gin : Marie-Adelaïde – Fanfare von Walferdingen. Mat engem Schreiwen vum 30. November 1913 huet d'Großherzogin hiren Accord gin.

De 26. Juni 1921 hunn d'Großherzogin Charlotte an de Prënz Felix d´Musek an de Schlasspark op Colmar-Berg invitéiert fir en öffentleche Concert ze spillen.

Am Joer 1924 huet de Comité fir 6.750 Frang e Gebei kaf fir e Musekssall anzeriichten, deen och mat vill Hëllef vun de Musikanten an och der Gemeng zustane komm ass.

Am Joer 1937 ass d’Walfer Musek dun och an der UGDA als Member opgeholl gin. De 4. Juli 1937 ass dat 25jähregt Jubiläum gefeiert gin.

Den 23. September 1945 huet d’Musek hiere Fändel erëmkritt, deen am Krich beschlagnahmt gi war. An och an deem Joer huet d'Prinzessin Marie-Adelaïde, Niece vun der 1924 verstuerwener Großherzogin, d'Patronat vun der Walfer Musek ugeholl.

1949 hun d’Musikanten hier éischt Uniforme kritt.

1962 ass dann dat 50jähregt Jubiläum gefeiert gi mat engem Gala-Concert an engem neie Fändel.

Den 28. Dezember 1968 ass eisen neie Museksall ageweit gin.
No dem Jumelage vun der Gemeng mat Schmittshausen (D), Longuyon (F) a Limana (I) war d’Musek och an deene Gemenge präsent, wann et e Fest ze feiere gouf.

Am Joer 1983 huet d'Musek di éischt Schrëtt fir en Harmonie-Ensembel gemaat.

Am Mai 1987 sin dann 75 Joer gefeiert gin an aus der Fanfare ass eng Harmonie gin.

 
Retourner au contenu | Retourner au menu