1912
De 14. Februar 1912 ass d'Walfer Musek an d'Liewe geruff ginn. Bei der éischter Versammlung de 15. Februar 1912 hate 25 Unhänger vun der Musek sech zesummegesat an deen éischte Comité gewielt. Präsident war de Jean Wolff an Dirigent war de L. Wigleb, deen och nach Member vun der Harmonie des Caves E. Mercier & Cie war.