Locatioun vun Instrumenter
D'Walfer Musek stellt de Schülerinnen a Schüler vun der Museksschoul Schülerinstrumenter zur Verfügung, déi speziell fir Ufänger gëeegent sinn. Dëst sinn Instrumenter vu Qualitéit, déi bis op en héijen Niveau vun der musikalescher Ausbildung benotzt kënne ginn. Et si verschidde Gréisste verfügbar, jee no der Gréisst vum Schüler oder der Schülerin.
D'Instrumenter bleiwen am Besëtz vun der Walfer Musek. D'Locatioun kascht 200 € pro Schouljoer, onofhängeg vum Typ vum Instrument. Eng eemoleg Kautioun vun 150 € gëtt verlaangt. Dës Zomm gëtt um Enn vum Locatiounsvertrag komplett rembourséiert, ausser wa Schied festgestallt ginn an / oder eng Reperatur néideg war oder ass an / oder wann d'Instrument eng grëndlech Botz erfuerdert.
Soubal d'Kand als Musikantin oder Musikant an d'Harmonie erakënnt, gëtt d'Instrument gratis zur Verfügung gestallt.
Interesséiert?
Schéckt eng E-Mail un d'Walfer Musek (walfermusek@gmail.com). Wann eng Locatioun méiglech ass, leeë mir e Rendez-vous fest fir déi néideg Dokumenter z'ënnerschreiwen. D'Instrument gëtt nëmmen ausgehändegt wann d'Locatiounskäschten an d'Kautioun op eise Konto iwwerwise goufen.

