D' "Buergbrennen" ass eng Traditioun zu Lëtzebuerg, an e puer Regiounen a Frankräich, der Belsch an Däitschland, fir symbolesch de Wanter ze verdreiwen.
Buergbrennen 2026
Datum: Sonndeg, den 22. Februar 2026
Zäit: ab 19:00 Auer
Plaz: Walfer Rugbysterrain
Depart vum Fakelzuch beim Centre Prince Henri, duerno gëtt d'Buerg ugefaangen.
Traditioun
D'Buergen ginn um éischte Sonndeg no der Fuesent, dem Buergsonndeg, ugestach. Si stinn op Héichten am Land a bestinn oft aus engem groussen Kräiz an der Mëtt.
Als Brennmaterial benotzt een Stréi, Äscht an Holzstécker. D'Buergen ginn dacks vu Jugendveräiner opgeriicht, heiansdo gëtt et eng Fakelzuch duerch d'Duerf. A verschiddenen Duerfer kréien e puer Leit d'Eier, déi d'Buerg unzünde sollen, zum Beispill e kierzlech bestuetent Koppel oder eng lokal Perséinlechkeet.
Originnen
D'Buergbrennen, och Faaschtefeier genannt, ass eng heidnesch Traditioun. D'Feier symboliséiert d'Enn vum Wanter an de Retour vum Fréijoer.
D'Wuert Buerg huet näischt mat enger Festung ze dinn. Et kënnt vum laténgesche Verb burere, dat brennen bedeit.
Source: BRAUN, Josy. "Traditions et fêtes" dans: Lëtzebuerg. Grand-Duché de Luxembourg. Service information et presse. 2007.